Den Aymerick Waisse Da Silva wënnt déi 20. Editioun vum Virliesconcours

Dës flott Initiativ vum Edukatiounsministère feiert 2025 hir 20 Joer!
Den Aymerick Waisse Da Silva wënnt déi 20. Editioun vum Virliesconcours

Den 1. Juli 2025 ass d’Finall vun der 20. Editioun vum Virliesconcours zu Esch/Uelzecht iwwer d’Bün gaangen. Aacht Kanner – véier Meedercher a véier Jongen – haten sech ënnert méi wéi 4000 Participanteën a Participanten aus dem Cycle 4 am ganze Land qualifizéiert an sech dem Jury am fréiere Kino Ariston gestallt.

Bei der Umeldung fir de Virliesconcours a senger Schoul konnt all Kand zwou Liessproochen uginn, seng stäerkste Virliessprooch, an eng zweet Sprooch, an där et och gär virliest. Als éischt Sprooch haten d’Kanner d’Wiel tëscht Lëtzebuergesch, Däitsch oder Franséisch. Als zweet Sprooch konnten se och Englesch uginn.

An der Finall haten d’Kanner 3 Epreuven: e “bekannten” Text an hirer 2 .Sprooch, deen d’Kanner awer vum SCRIPT imposéiert kruten an iwwert de Weekend konnte virbereeden; e ganz onbekannten Text an hirer 1. Sprooch aus engem Buch als “lecture à vue” an als Gruppenaufgab an hirer 1. Sprooch e Liestheater, an deem jee zwee Kanner matenee virgelies hunn.

De Gewënner an seng Epreuven

Den Aymerick Waisse Da Silva aus der Grondschoul Belair-Diderich aus der Stad huet dëst Joer de Concours gewonnen. Hie wosst de Jury esouwuel beim bekannten imposéierten Text ze iwwerzeegen, grad wéi beim ganz onbekannten Text an och beim Liestheater.

Als imposéierten “bekannten” Text a senger zweeter Sprooch hat et en Extrait aus dem däitsche Buch “Nothing but spies” vum Mario Fesler an als onbekannten Text a senger éischter Sprooch een aus dem Buch “Le journal de Raymond le démon – Où est le mal ?” vum Luc Blanvillain virgelies. De Liestheater op Franséisch, senger éischter Sprooch, war extra fir d’Finall geschriwwe ginn.

D’Finalist(inn)en an hir Präisser

Déi jonk Finalistinnen a Finaliste waren : d’Caroline Fellerich, d’Elena Ignacimouttou Lohr, den Aurelius Münks, d’Eve Schmitt, de Jules Schalbar, de Ben Stork, d’Noémie Trierweiler an den Aymerick Waisse Da Silva.

All Finalistin an all Finalist krut e Buch an e Bicherbong vun enger Librairie als Präis. Dëst Joer krut de Gewënner fir d’éischt och e flotte Levelup-Pokal.

De Virliesconcours feiert 20 Joer

De Luc Weis, Direkter vum SCRIPT, huet  a senger Ried ervirgehuewen, dass de Virliesconcours eng fest Traditioun am Kalenner vun enger Rei Grondschoulen ass. 2025 war déi 20. Editioun.  Am Laf vun de Joren hunn Dausende vu Kanner drun deelgeholl.

Pünktlech fir d’20 Joer vum Virliesconcours lancéiert de SCRIPT och eng nei Homepage zum Theema Liesfërderung an der Grondschoul: www.liesen.lu

Interview Aymerick Waisse Da Silva - Gewënner 2025

D'Finalistinnen an d'Finaliste mam Jury den 10. Juli 2025 am Ariston zu Esch-Uelzecht

PDF Download