Lancement vum Site www.liesen.lu
Den 1. Juli 2025 ass de Site www.liesen.lu offiziell lancéiert ginn.
Am Kader vun der Finall vum Virliesconcours goufe den 1. Juli 2025 de Site www.liesen.lu offiziell lancéiert.
Op dësem Site presentéiert de SCRIPT seng Initiativen am Beräich vun der Liesfërderung an de Lëtzebuerger Grondschoulen. Dobäi ass besonnesch de Katalog 'Lies a fléi' ervirzehiewen: e regruppéiert Kannerbicher, déi op Lëtzebuergesch publizéiert goufen an aktuell am Buchhandel ze fanne sinn.
