Journées du livre et du droit d'auteur
22.-25. ABRËLL 2025Grouss a kleng Helden
Eng Propositioun vum Ministère fir Educatioun, Kanner a Jugend
D’Journées du livre et du droit d’auteur sinn tëscht dem 22. an dem 25. Abrëll 2025 gelaf. Dës Editioun stoung ënnert dem Motto Grouss a kleng Helden.
D’Evenement riicht sech un d’Schülerinnen a Schüler aus dem Enseignement fondamental. Matmaache konnt een als Klass, Zyklus oder ganz Schoul.
Ëm wat geet et?
Helde gouf et nach ëmmer. Déi eng si vu Grouss a Kleng bekannt, anerer leeschten Heldendoten ouni datt dëst jee bekannt gëtt. An dach hunn se all eppes bewierkt a sech fir anerer agesat.
Courage huet vill Facetten a ka bei Kanner oder Erwuessenen optrieden.
Wéi eng Bicher kann een notzen?
Dir fannt am PDF-Dokument ënnen op der Säit eng Bibliographie mat Kannerbicher zum Theema Helden, sief et reell Helden aus der Geschicht, oder aus dem Alldag, fiktiv Helden aus der Lliteratur oder esouguer Déierenhelden. Vill aner Bicher och zu den aneren Aspekter vum Theema sinn awer ganz sécher och an de Schoulbibliothéiken ze fannen.
